RTL - Am Takt

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

Am Takt: Ptolemea, L’Éphémère a Blue-ish, 27/10/2025

Ptolemea, de Projet ronderëm d’Sängerin Priscila Da Costa, bréngt mat hirem neien Album “Kali” eng Mëschung aus alternative Rock a Spiritualitéit op d’Bün. Nieft hinnen trëtt den Duo L’Éphémère mat hirer éischten EP “Résilience” an der Kulturfabrik op. D’Elise Nunes an de Steve Richer schafen eng melancholesch Welt, wou et ëm d’Akzeptanz, d’Verloscht an d’Hoffnung geet. Blue-ish, eng jonk Singer-Songwriterin mat franséisch-däitsche Wuerzelen, sie huet 2024 de Screaming Fields-Concours gewonnen an ass haut den Owend och an der Emissioun am Takt mat dobäi.

10-27
14:39

Am Takt: Tanja June, 20/10/2025

Dës Kéier vill nei Musek an d'Tanja June am Interview.

10-20
07:15

Am Takt: Luciana, Artists for Mental Health & Marcy, 06/10/2025

Dës Kéier mat e bëssen The Voice of Germany, enger Kënschtlerin déi e bëssen enttäuscht war datt aus dem Concert fir den Trounwiessel näischt ginn ass an engem Concert fir déi mental Gesondheet.

10-06
16:13

Am Takt: Go By Brooks, Alfalfa, an den Hoffi Zambezi!, 29/09/2025

Go By Brooks waren am Studio, Alfalfa triede beim Trounwiessel op, an den Hoffi Zambezi hëlt den Trounwiessel als Ulass fir eng nei Single!

09-29
19:06

Am Takt: The Cookies, Fontana, Lata Gouveia, S.K.O.R. an Der Däiwel, 22/09/2025

The Cookies feiere mat eis Avant-Premiere, de Fontana presentéiert seng nei EP "Essenz" a Kollaboratioun mam T-Way, de Lata Gouveia wiesselt de Stil, a S.K.O.R. setze sech an hirem Lidd "Encore un tour" mat der Pensiounsreform auserneen.

09-22
21:35

Am Takt: Andrea Galleti & Nicool, 15/09/2025

Am 2. Episod fir dës Saison war et um Nicool an um Andrea Galleti. D'Nicool huet mam Luca Sales den Album "Liewen" gemaach an den Andrea probéiert sech bei The Voice of Germany.

09-15
18:20

Am Takt: The Young Souls, Daniel Balthasar & Pilot Light, 08/09/2025

D'Sendung mat 100% Lëtzebuerger Musek ass zeréck. Méindes Owes heescht et erëm AM TAKT um Radio. An de Studio war gutt gefëllt; mat dobäi The Young Souls, den Daniel Balthasar a Pilot Light.

09-08
25:38

Am Takt: Eastcoast Festival, Ninon & Benoît Martiny, 14/07/2025

Äddi Pascal vu Wooltz, Rou a Fridden. Nieft dësem traurege Moment ass et ëm den Eastcoast Festival zu Mäertert gaangen, d'Ninon ass sech virstelle komm an de Benoît Martiny feiert den 20. Gebuertsdag vu senger Band.

07-14
26:58

Am Takt: Rock d'Minn, 07/07/2025

Hutt Dir schonn eng Iddi wat Dir den 19. Juli maacht? Villäicht ass "Rock d'Minn" eng Optioun. D'Kulturkommissioun vun der Gemeng Géisdref, zesumme mam Syndicat d'Initiative vun der Gemeng Géisdref, de Jeunessë vun Dol, Géisdref, an Nacher, der Gemeng Géisdref a Gammler Schapp invitéieren op een Dag fir déi ganz Famill a virun allem mat vill Musek.

07-07
06:12

Am Takt: Corbi & Encore, 30/06/2025

Och wann et waarm ass, gëtt iwwer Musek aus dem Grand-Duché geschwat. Zum Beispill Musek vun hei déi et bis op New York gepackt huet an 20 Joer Rockhal mat engem ganz spezielle Rendezvous fir lokal Kënschtler am September.

06-30
29:52

Am Takt: Josh Island, T The Boss & FAMIL, 16/06/2025

Firwat war et 3 Joer laang roueg ronderëm den T The Boss. Wéi vill Courage brauch den Josh Island. A wat mécht eng Federatioun fir Museker an Interpreten. Äntwerten -> below.

06-16
21:30

Am Takt: Joel Marques & Esancy, 19/05/2025

Dës Woch mam Déifferdenger "The Voice" an LSC Talent Joel Marques, an dem Duo Esancy.

05-19
15:37

Am Takt: Turnup Tun, 2ManyModels & Hell Keller, 12/05/2025

Dës Kéier mam Turnup Tun vun Ibiza, 2ManyModels an dem Festival Hell Keller zu Welleschten.

05-12
21:28

Am Takt: LOA, Superdrive, Horse Blinders, Merlettëfest, Culture Forest Festival a Rocklab Session, 05/05/2025

Méindes Owes steet um Radio d'Lëtzebuerger Musekszeen am Mëttelpunkt. Haut war de Programm gutt gefëllt, mat dobäi waren d'Organisateure vum LOA, LOA, Superdrive an d'Horse Blinders. Dernieft hu mir iwwert d'Merlettëfest zu Reckeng an de Culture Forest Festival zu Esch geschwat. Um Schluss goung et dann och nach ëm d'Rocklab Session e Mëttwoch an der Rockhal. Dapple Rose an d'Band TNNE spillen do e Concert.

05-05
36:15

Am Takt: Tuys & Rapson, 28/04/2025

Dës Woch mat ville neie Singlen an der Playlist, enger Gebuertsdagsfeier, an engem Newcomer an Beräich Hip-Hop.

04-28
08:51

Am Takt: Tame and the Wild, Skuto, Skreen Brulee an de Roll Rossi, 31/03/2025

T’ass erëm Zäit fir Lëtzebuerger Musek, nei interpretéiert vum Roll Rossi. Zu Péiteng organiséieren se e Metal Festival a mir ginn op déi nächste Rocklab Session an der Rockhal an. De Skuto an d’Band Skreen Brulee liwweren do eng Portioun Alternativ, Rap an Hip Hop Musek. Den Duo Tame and the Wild bréngt e Freiden hier nei Single eraus, mir lauschteren se schonn en Avant-Première.

03-31
26:57

Am Takt: Babanam & WazToo, 24/03/2025

Dës Kéier mat Reggae an elektronescher Musek. De Bert Jung, bekannt duerch ënner anerem Alfalfa, war op Besuch fir säin neie Projet Babanam virzestellen an och de WazToo huet fläisseg produzéiert.

03-24
15:34

Am Takt: Mam Lara Grogan, Rozeen, Tanja June, Georges Urwald&Debbie Marinkovic, Carisa Dias, 17/03/2025

 Am Am Takt vun dëser Woch hu mir iwwert d’Rocklab Session vum Lara Grogan an dem Rozeen, de 19. Mäerz an der Rockhal geschwat. Dernieft waren d’Tanja June, de Georges Urwald an den d’Carisa Dias beim Loïc Juchem am Studio.

03-17
27:50

Am Takt: Maz Univerze & Misoley, 10/03/2025

2 Gäscht um 10. Mäerz. De Misoley mat neier Musek an de Maz Univerze mat sengem neien Album "Little Prince".

03-10
18:59

Am Takt: Luzac & Roll Rossi Lisa Mariotto, 03/03/2025

Fuesméindeg natierlech mat Fuesmusek awer och mat neiem Geschier. De Luzac deen nach mat Je Danse beim Luxembourg Song Contest am Asaz war, huet en neit Lidd erausbruecht, déi nei Single vun Tuys ass och do an Dir héiert d'Resultat wann d'Lisa Mariotto an de Roll Rossi zesumme Musek maachen.

03-03
18:26

Recommend Channels