RTL - Commentaire

De kritesche Bléck op d'Aktualitéit vun der RTL Redaktioun

Pierre Jans: Kamoud an Nout, 25/11/2025

Ech verroden iech e Geheimnis: E Commentaire schreiwen, ass dee schwéiersten Exercice an eisem Beruff. Grad an dësen Zäiten. Bon, op d'mannst fannen ech dat.

11-25
03:28

Carine Lemmer: Brave new world – schéin nei KI-Welt, 20/11/2025

Den Ament gëtt hei am Land a Bipartitten iwwer d’Aarbechtszäitorganisatioun diskutéiert. Iwwerdeems riskéiere bei Amazon bal 500 Leit hir Aarbecht ze verléieren, ënnert anerem wéinst KI. Déi Kënstlech Intelligenz ass zimmlech sécher net Thema vun den Diskussiounen tëscht Regierung a Sozialpartner, nach net. Mä et kéinte weltwäit Milliounen Aarbechtsplaze verschwannen.

11-20
03:03

Claudia Kollwelter: "Ëmmer méi, ëmmer méi fréi", 18/11/2025

D'Chrëschtsaison fänkt vu Joer zu Joer éischter un an de BlackFriday an de CyberMonday ginn ëmmer méi present a gigantesch. D'Fro stellt sech, wien hei nach d'Kontroll huet, wiem et wierklech eppes bréngt a wou dat Ganzt hiféiert. D'Claudia Kollwelter huet sech a sengem Commentaire dozou Gedanke gemaach.

11-18
03:00

François Aulner: De Patient soll net zum Client ginn, mee sech och net esou verhalen, 13/11/2025

Andeems d'Dokteschgesellschaft AMMD d'Conventioune mat der CNS gekënnegt huet, wollt se – eegenen Aussoen no – eng grouss politesch Verhandlung lass trëppelen. Se wëll ënnert anerem méi Tarifautonomie a stellt domadder den traditionelle System a Fro. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet awer verséchert, d'Regierung wéilt keng Zwou-Klasse-Medezin. Am Commentaire haut vermësst de Fränz Aulner an der ganzer Debatte de Courage fir ze warnen, datt et esou oder sou schwiereg wäert ginn den aktuellen, dach generéise System déi nächst Joren z'assuréieren.

11-13
02:55

Roy Grotz: "Die Geister, die ich rief...", 11/11/2025

Lëtzebuerg ass definitiv nees an den Zäite vun der Postkutschen-Ära ukomm - op d'mannst wat d'Kommunikatioun ugeet. An Zäite vun Deep-fakes, Spams a soss Phishing setzen d'Gewerkschaften op dee gudden ale Bréif, dee jo an der Zäit an der Postkutsch transportéiert gouf - sou almoudesch d'Methodik - sou effikass an aktuell awer sinn d'Messagen, fënnt de Roy Grotz a sengem Commentaire.

11-11
03:41

Pit Everling: Jidderee fir sech: Iwwer Individualismus a seng Limitten, 06/11/2025

En Individualist. Dat ass e Mënsch, dee sech selwer a seng eege Vue an den Zentrum stellt. Den Individualismus ass ee vun de Piliere vun der moderner Demokratie, wéi mer se an eise Breedegrade kennen. Hautzedaags drécke verschiddener d‘Konzentratioun op dat eegent Wuelbefannen awer bësse wäit an dat gëtt laangfristeg zur Gefor fir de ganze System, fënnt de Pit Everling a sengem Commentaire.

11-06
02:53

Céline Eischen: It’s not just the economy, stupid., 04/11/2025

“Fir ee staarke Sozialstaat brauch et eng staark Ekonomie”: Eng Ausso, déi een ëmmer nees vu Säite vun der Regierung héiert. Am Commentaire en Dënschdeg fënnt d'Céline Eischen déi Ausso net falsch. An hiren Ae sollt awer net vergiess ginn, datt awer ee staarke Sozialstaat a sozial Kohesioun och fir d'Ekonomie an de Wirtschaftswuesstem wichteg sinn.

11-04
02:45

Claude Zeimetz: 12 Méint fir d'Santé ze retten, 30/10/2025

Et ass net fir d'éischt, datt d'Doktere sech mam Santésministère uleeën. An de leschte Joerzéngten hat déi liberal Dokterschaft sech systematesch mat de meeschtens sozialistesche Gesondheetsministeren an den Hoer. Schwaarz-Blo huet virun allem am Walkampf, mä och am Koalitiounsaccord vill versprach, mä bis elo nëmme wéineg geliwwert. Ënnert anerem duerfir ass der AMMD elo de Colis geplatzt. An den Drock schéngt och ze wierken. Mä, Drock ass net ëmmer gutt – e Commentaire vum Claude Zeimetz.

10-30
03:09

Marc Hoscheid: D'Regierung ass schwaach, ma d'Oppositioun ass och net besser, 28/10/2025

Knapp zwee Joer ass d'CSV-DP-Regierung elo um Rudder. No 10 Joer Blo-Rout-Gréng war an de méi konservative Kreesser eng gewëssen Opbrochstëmmung ze spieren, vun där awer net méi ganz vill bliwwen ass. D'Meenungsëmfroe weisen, datt d'Koalitioun un Zoustëmmung verluer huet. Ma och wann een d'Regierung kritiséiere kann, virun allem fir hir Kommunikatioun, muss een awer och soen, datt d'Alternativen net wierklech besser sinn, fënnt op d'mannst de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

10-28
--:--

Maxime Gillen: US-Aussepolitik: Fridden ass keen Immobiliendeal, 23/10/2025

Eréischt uganks des Mounts ass dem US-President gelongen, wat keen esou fir méiglech gehalen hat. Hien huet Israel an d‘Hamas dozou kritt, eng Wafferou an der Gaza-Sträif z‘akzeptéieren an israeelesch Geisele géint palästinensesch Prisonéier ze tauschen.

10-23
02:20

Diana Hoffmann: Migratioun: Tëscht Matgefill a Management, 21/10/2025

D'Zuel vun de Refugiéen déi zu Lëtzebuerg Asyl froen ass keen enorme Chiffer a relativ konstant. An awer schéngt d'Land mat Amenter iwwerfuerdert ze sinn. E Commentaire vum Diana Hoffmann

10-21
02:38

Carine Lemmer: Et geet ëm d'Wurscht, 16/10/2025

D'EU-Parlament wëll Begrëffer wéi "Wurscht", "Schnitzel", "Steak" oder "Burger" fir vegetaresch Produite verbidden. Just Fleesch soll dierfe sou genannt ginn. D'lescht Woch huet eng Majoritéit vun den EU-Deputéierte fir sou e Verbuet gestëmmt. Déi Lëtzebuerger Deputéiert allerdéngs net. D'EU-Deputéiert vun CSV, LSAP an Déi Gréng hunn dogéint gestëmmt. De Charel Goerens vun der DP an de Fernand Kartheiser vun der ADR hu sech enthalen. Definitiv decidéiert ass elo awer nach näischt. Déi 27 EU-Länner mussen de Verbuet och nach guttheeschen. Mä trotzdeem war de Vott kee gudden Dag fir d'Europaparlament. A mat Konsumenteschutz huet et och näischt ze dinn.

10-16
03:24

Dany Rasqué: "Mir sinn 2025, mir sinn net 1700", 14/10/2025

Dat hat de liberalen Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel dem Kardinol Hollerech geäntwert, wéi et ëm d'Fro goung, ob den Avortement soll an d'Constitutioun stoe kommen. Et schéngt awer, wéi wa sech och bei der DP Leit ageschlach hätten, déi nach net ganz am Joer 2025 ukomm sinn, kommentéiert d'Dany Rasqué de Gaaschtbäitrag vum liberale Gérard Schockmel, deen de Weekend iwwer nawell héich Welle geschloen hat.

10-14
03:20

Recommend Channels