DiscoverRTL - FLF-Magazin
RTL - FLF-Magazin
Claim Ownership

RTL - FLF-Magazin

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 17Played: 624
Share

Description

De Magazin vun der Football Federatioun mat villen News vum Championnat an der Nationaléquipe
140 Episodes
Reverse
Am Futtball huet Lëtzebuerg gëschter Owend 0-1 géint d'Slowakei verluer. Am Futtball schwätzt een heiansdo vun onverdéngten Néierlagen a genee esou eng war dat gëschter. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op ee Futtball Owend zeréck, deen aus Lëtzebuerger Siicht esou schéin hätt kenne sinn, ma um Enn awer zimmlech wei gedoen huet.
Am nationale Futtball sinn elo 5 Spilldeeg eriwer. Diddeleng ass nach emmer un der Tabellespëtzt. Ennenof waarden 3 Equippen nach op hir eischte Victoire. Zait fir de Jeff Kettenmeyer fir am FLF Magazin ee klenge Bilan ze zeien.
Am nationale Futtball ass den F91 Diddeleng déi eenzeg Equipe déi no 2 gespillten Matcher de Maximum vu 6 Punkten huet.Kanech suergt fir eng Iwwerraschung um Racing an am FLF Magazin vun haut geet et och ëm Stroossen, d'UNA huet nämlech zu Hesper verluer, Jeff Kettenmeyer.
Am nationale Futtball war de Weekend den Optakt vum Championnat an der BGL Ligue.Och des Saison gelt Déifferdeng als grousse Favorit op den Titel. Do hannendrun kommen awer direkt e puer Equippen a Fro déi sech Hoffnungen op déi europäesch Plazen maachen. Sou och Diddeleng an Nidderkuer déi direkt um éischte Spilldag géinteneen gespillt hunn. Am FLF Magazin kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och op de Retour vun engem fréieren Nationalspiller.
Am nationale Futtball war gëschter deen zweetleschten Spilldag. Déifferdeng krut de Championstitel iwwerreecht, de Racing krut ee wichtege Punkt am Kampf fir déi europäesch Plazen an ënnen am Keller tauschen Rodange an Wolz d'Plazen. De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin op ee spannenden Spilldag zeréck.
Am nationale Futtball hunn de Weekend souvill Nidderkuer wéi och Diddeleng Plomme gelooss. Domat bleift de Kampf ëm déi europäesch Plazen weider immens spannend. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer awer och wéi et em de Barrage ausgesäit.
An der BGL-Ligue am Lëtzebuerger Futtball bleift et 4 Spilldeeg viru Schluss spannend fir déi europäesch Plazen. Duerch déi besser Goldifferenz steet Stroossen elo nom 26. Spilldag op der zweeter Plaz, punktgläich virum F91 Diddeleng. De Racing, Nidderkuer an esouguer theoretesch Munneref sinn och nach an der Course fir d'Conference League Qualifikatioun ze spillen. Haut gouf och de Kontrakt fir d'Emissioun Goal op RTL Tëlee Lëtzebuerg mat der FLF an der CMCM ëm 3 Joer verlängert. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Den FC Déifferdeng 03 hätt lo de Weekend, um 7.t-leschte Spilldag, fréizäiteg kënne Champion ginn...do huet den Tabellenzweeten F91 Diddeleng awer net matgespillt. Hannendrun bleift Course ëm déi drëtt europäesch Plaz spannend. Bei den Dammen gouf et an der Spëtzepartie tëscht deenen zwee éischten Racing an Hesper e Remis. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Am nationale Futtball Championnat kéinten deemnächst déi éischt Decisiounen falen. Um nächsten Spilldag kéint Déifferdeng deemno wéi schonns de Championstitel feieren. Am FLF Magazin vun haut geet et awer och ëm de Swift Hesper dee wuel keng UEFA Lizenz kritt an awer probéiert d'Saison anstänneg op en Enn ze bréngen, Jeff Kettenmeyer.
Am nationale Futtball Championnat ass d'Spannung fir de Championstitel esou lues eraus. Déifferdeng huet 8 Spilldeeg viru Schluss 15 Punkten Avance. Ma de Kampf ëm déi europäesch Plazen kéint awer bis ganz zum Schluss enk bleiwen, Jeff Kettenmeyer.
D'Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe huet e Samschdeg de Frëndschafts Lännermatch géint Schweden 1-0 gewonnen. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op dësen perfekten Optakt an d'Joer 2025 zeréck an awer och schonns op den Match muer den Owend an der Schwäiz no vir.
Zanter gëschter ass déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe zu Lëpschent am Trainingslager fir d'Frëndschaftslännermatcher e Samschdeg heiheem géint Schweden, an en Dënschdeg-8-Deeg zu Sankt Gallen géint d'Schwäiz ze preparéieren. An der BGL-Ligue ass den FC Déifferdeng 03 Directioun zweete Championstitel ënnerwee..., d'Equipe vun der Stonn ass awer och Stroossen, mat mëttlerweil der drëtter Plaz an der Tabell. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Beim Progrès geet et och nom Trainerwiessel net wierklech besser. De Samuel Scholer huet jo d'lescht Woch de Jeff Strasser op der Trainerbänk ersat. Fir den Opsteiger Beetebuerg gouf et no der Wanterpaus emol nees eng Kéier eng Victoire, an dat war eng wichteg géint den direkte Konkurrent Monnerech. E Mëttwoch geet et schonn weider mat den 1/8.els Finalen an der Coupe. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op den Duell vun den Verfolger tëscht dem Racing an Stroossen. Donieft geet et awer och ëm Dammennationalequipe, déi no hirem Remis géint Kasachstan elo onbedéngt géint Liechtenstein wëll wannen.
Am nationale Futtball-Championnat huet Déifferdeng de Weekend e grousse Schratt a Richtung Championstitel gemaach. Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op de Spëtzematch géint Diddeleng zeréck a verréit eis wien un den internationalen Plazen dru bleift.
De Weekend war am nationalen Futtball Championnat d'Reprise no der Wanterpaus. Och am neie Joer bléift an der Tabell den FC Déifferdeng 03 déi kloer Nummer 1. Wat och bleift, sinn déi aussersportlech Geräischer beim Swift Hesper, Jeff Kettenmeyer.
Am nationale Futtball stoung de Weekend no der Lännermatch-Paus nees de Championnat am Vierdergrond. No 13 Matcher ass Déifferdeng nach ëmmer ongeschloen an ass elo schonns fréizäiteg Hierschtmeeschter. Am FLF Magazin kuckt de Jeff Kettenmeyer och op den éischte Match am Championnat vum Stefano Bensi als Trainer vun Stroossen.
A ronn zwou Stonne fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtball-Nationalequipe dee leschte Match an dëser Nations League Campagne un. D'Rout Léiwe kréien et um 20:45 Auer am Stade de Luxembourg mam Tabelleleader aus der Divisioun C Grupp 3 ze dinn. Fir d'Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz geet et drëms an där Divisioun ze bleiwen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert.
Am nationale Futtball bleift nom 12. Spilldag Déifferdeng nach emmer ongeschloen. Do hannendrun probéiert Hesper drun ze bleiwen. Woubäi déi hannendrun e bëssen Plommen hänke gelooss hunn. De Jeff Kettenmeyer kuckt am FLF Magazin vun haut op den 12. Spilldag zeréck.
An de Nations League Play-Offs am Futtball déi zu der Europameeschterschaftsqualifikatioun zielen, huet déi Lëtzebuerger Damme-Nationalequipe sech am Allermatch géint Schweden ganz anstänneg aus der Affär gezunn. An der BGL-Ligue gouf et um 11.te Spilldag eng wichteg Victoire fir den F91 Diddeleng géint de Progrès Nidderkuer an der Lutte ëm d'europäesch Plazen. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
loading
Comments