RTL - HitStory

Bal all Song, deen um Radio leeft, zielt net nëmmen, mä huet och eng Geschicht. Hannergrënn, Momentopnamen, Kuriositéiten, Zoufäll: Lauschtert d'Klassiker mol mat aneren Oueren!

HitStory - MAMBO NO. 5

München, Kalifornien a Kuba. De Papp huet sengem Fils um Stierfbett de Welthit virausgesot. 

07-06
02:19

HitStory - DOWN UNDER

Eng Flütt, e Kannerlidd an e Vull fir d'Kaz. Men at Work hu viru 40 Joer déi heemlech australesch Nationalhymn erausbruecht.

06-29
02:22

HitStory - ENJOY THE SILENCE

Vun enger Harmonium-Versioun bis bei de Visittekaart-Song: Depeche Mode brauchen net vill Wierder ze verléieren.

06-22
01:44

HitStory - ONE NIGHT IN BANGKOK

E Russ an en Amerikaner um schwaarz-wäisse Schachbriet, zwee Schwede mat musikaleschen Andréck aus enger faarweger Metropol an en Englänner, dee just geschwat huet.

06-15
02:18

HitStory - IN THE YEAR 2525

2 jonk Männer aus dem Nebraska déi an engem klengen Tounstudio am Texas mat engem pessimistesche Bléck an d'Zukunft Millioune Placke verkafe hunn.

06-08
02:30

HitStory - SONDERZUG NACH PANKOW

Vum Glenn Miller bis bei den Erich Honecker - eréischt 1990 ass den Udo Lindenberg mam Zuch ukomm a säin Dram vun enger DDR-Tournée an Erfëllung gaangen.

06-01
03:22

HitStory - KIDS IN AMERICA

Brudder a Schwëster - dat geet net ëmmer riicht aus an der Famill. An deem heite Fall war et déi perfekt Relatioun, wuel och well de Brudder alles anescht ewéi egoistesch war.

05-25
02:26

HitStory - DREADLOCK HOLIDAY

Vakanz op Barbados, eng sëlwer Ketten an en décke Flapp an der Box. Um Enn awer dee leschte groussen Hit fir 10CC.

05-21
02:01

HitStory - LADY IN BLACK

2 Akkorden, e Refrain ouni Text an e Leadsänger dee keng Loscht hat. Eng Ballade, déi eréischt no e puer Joer déi verdéngten Unerkennung krut.

05-18
02:36

HitStory - SENZA UNA DONNA

De Soundtrack vun enger Scheedung an den Optakt vun enger laanger Karriär. Den Zucchero wollt mol eng Zäitchen ouni Fra sinn.

05-14
02:14

HitStory - LOVE NEVER FELT SO GOOD

D'Geschicht vun engem Hit deen iwwer 30 Joer gebraucht huet bis en un d'Rulle koum. Eng Rees vum Paul Anka bis bei den Justin Timberlake.

05-11
02:36

HitStory - SEASONS IN THE SUN

Net nëmmen den Terry Jacks, och de Kingston Trio, d'Fortunes an d'Beach Boys hu sech un dem Jacques Brel säi Chanson erugewot.

05-07
02:24

HitStory - MY SHARONA

Léift op den éischte Bléck, e musikalesche "clin d'oeil" a Richtung 60ties an eng Véierelstonn Konzentratioun. "The Knack" verdanken hire Welthit enger jonker Studentin an engem Kleederbuttek.

05-04
02:15

HitStory - LOLA

Zwee Frënn an eng Nuecht mat vill Alkohol an haarder Musek. A moies fréi kann ee sech dann un net méi vill erënneren. De Ray Davis hat awer gutt opgepasst.

04-30
02:19

HitStory - MOONLIGHT SHADOW

E Film iwwert den Zauberkënschtler Houdini, de Mord um John Lennon an e Multiinstrumentalist deen net am Mëttelpunkt stoen. An eng schottesch Sängerin huet deem Ganzen d'Kroun opgesat.

04-27
02:33

HitStory - WOMAN

Aus dem Meedchen ass eng Fra ginn. Dem John Lennon säin Hommage un dat anert Geschlecht ass eng Zort Fortsetzung vun engem Beatles-Song aus de 60er.

04-23
02:38

HitStory - LÀ-BAS

De Jean-Jacques Goldman war scho bal verzweiwelt. Bis ëm eng Stëmm aus der Paräisser Metro zu engem risege Succès verhollef huet. Leider mat engem trageschen Enn.

04-20
03:06

HitStory - EYE IN THE SKY

Hire gréissten Hit war bal an der Poubelle gelant. Wat d'Casinoen zu Las Vegas mam ägypteschen Horus-A verbënnt a wat den Alan Parsons Project enger klenger Instrumentalnummer ze verdanken huet.

04-16
02:52

HitStory - HIT THE ROAD JACK

En Autosaccident, eng Affär a mol keng zwou Minutte laang. D'Geschicht vun engem vum Ray Charles senge gréissten Erfolleger.

04-13
02:10

HitStory - ROLL OVER BEETHOVEN

Well dem Chuck Berry seng Schwëster doheem de Piano permanent blockéiert huet, huet de Ludwig van Beethoven musse réckelen.

04-09
02:16

Recommend Channels