De Roland Emmerich huet dem Pit Biwer seng Passioun zum Kino erklärt awer och, firwat Hollywood "The Place To Be" ass
Eng besonnesch Frëndschaft steet haut am Mëttelpunkt, déi vum Ben Affleck an dem Matt Damon.
Haut dréint sech bei eisem Hollywood Reporter Pit Biwer alles ëm de Steven Spielberg a säi Liblingskomponist, den John Williams.
Um Mikro vum Pit Biwer; de legendären Ed O'Neil.
Ënner anerem de Michael Douglas kann e Lidd dovu sangen
Paien an Filmrolle fir Frae sinn zu Hollywood nach laang net déi nämmlecht wéi fir Männer. Wat sinn d'Inegalitéiten? Wou kënnt deen Ënnerscheed hier? De Pit Biwer mat e puer Äntwerte vun Hollywood.
Wéi sportlech ass d'Hollywood-Prominenz? De Baseball ass fir vill Staren grousse Kino wéi de Pit Biwer weess.
2 staark Fraen, déi och vill opweises hunn, huet de Pit Biwer an den Hollywood News derbäi, déi 2 amerikanesch Actricen Shirley Maclaine a Susan Sarandon.
Schräiner, Han Solo, Indiana Jones. Esou kéint een d'Ufäng vum Harrison Ford senger Karriär graff resuméieren. De Pit Biwer vun Hollywood mat engem Porträt.
Den George Lucas mécht e Musée op, nee net iwwer Star Wars. Mä et soll e Musée ginn dediéiert der d'Konscht allgemeng an all senge Facetten. Et ass de Lucas Museum of Narrative Art zu Los Angeles an deen huet hie mat senger Fra Mellody Hobson gegrënnt. De Pit Biwer huet mam US-Kult-Regisseur a Produzent geschwat.
E puer knuspereg Geschichte vun Hollywood huet de Pit Biwer fir eis, dat vu richtege Superstaren, ugefaange mam Bette Davis a mir kommen do nach op de Leonardo DiCaprio. Dertëscht hu mir nach d'Meryl Streep an den George Clooney.
Beim Pit Biwer, eisem Hollywood-Reporter, geet et haut ëm e ganz engagéierte Schauspiller, Produzent, a Regisseur, an: ëm eng Legend...
Wéi denken Filmstaren iwwer de Filmbusiness? Ginn et genuch gutt Rollen? Wat sinn déi wichtegst Viraussetzungen fir e gelongene Film? De Pit Biwer huet grouss Staren wéi Julia Roberts, Kevin Costner, Dustin Hoffman oder Jennifer Lopez am Interview.
De Jan de Bont bekannt duerch de Film Twister an de Paul Verhoeven huet Basic Instinct realiséiert. Deemno zwee europäesch Regisseuren, déi et fäerdeg bruecht hunn an Hollywood Fouss ze faassen. De Pit Biwer verréit och firwat Basic Instinct e wichtege Film an der Karriär vum Michael Douglas war.
De legendäre Schauspiller, Regisseur an Ëmweltaktivist ass am Alter vun 89 Joer doheem am Utah gestuerwen.
Hënt ginn zu Los Angeles nees d'Emmy Awards iwwerreecht, déi wichtegst US-amerikanesch Präisser fir Tëlees Produktiounen. Wéi eng Serië kéinten e Präis kréien? De Pit Biwer vun Hollywood.
Ouni Martin Scorsese géifen et net d'Filmer wéi ''Taxi Driver'', ''Casino'' oder och nach méi rezent ''Killers of the Flower Moon'' ginn, fir elo just déi ze nennen. Eisen Hollywood Reporter Pit Biwer erzielt mat wiem den amerikanesche Regisseur am léifste schafft.
Den däitsche Acteur an Auteur Werner Herzog hat virun 2 Deeg Gebuertsdag. Obwuel vill Filmer net laanscht Hollywood kommen, gesäit dat beim Werner Herzog liicht anescht aus. Den Hollywood Reporter Pit Biwer hat de Schauspiller virum Mikro.
Dës Damm gehéiert zu de feste Gréissten am Filmbusiness zu Hollywood. Haut konzentréiert sech de Pit Biwer op déi amerikanesch Actrice Julianne Moore.
Net all Karriär zu Hollywood fänkt direkt um grousse Schierm un. Beispiller ginn et der genuch, ënner anerem d'Jennifer Aniston an den Danny DeVito. Dat sinn dës Kéier d'Haaptrolle beim Pit Biwer.