Discover
RTL - Lecture vun heiheem
104 Episodes
Reverse
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller
Den Titus Müller schreift historesch Romaner. An "Die Dolmetscherin" geet et ëm d'Nürnberger Prozesser déi virun 80 Joer ugefaangen hunn.
Mat senger Berlin-Trilogie ("Die fremde Spionin", "Das zweite Geheimnis" an "Der letzte Auftrag") huet sech den Auteur, deen 1977 zu Leipzig gebuer gouf, en Numm gemaach. An dëse Spionage-Thrilleren kommen och real Figuren, wéi den Erich Honecker, de Willy Brandt oder de Wladimir Putin vir. Grad esou wéi a sengem neitste Roman "Die Dolmetscherin" deen deelweis zu Mondorf spillt. Am Virfeld vun den Nürnberger Prozesser goufen héichrangeg Nazi-Krichsverbriecher wéi zum Beispill den Hermann Göring 1945 am Mondorfer Palace-Hôtel festgehalen a verhéiert. An dësem "Camp Ashcan" (wiertlech iwwersat "Camp Dreckseemer", sou gouf et deemools genannt) kënnt eng jonk Fra un, déi als Dolmetscherin mat den amerikaneschen Ermëttler zesummeschaffe soll. Mä d'Asta huet e Geheimnis...
Den 20.November 2025 waren et genee 80 Joer zënter dem Ufank vun den Nürnberger Prozesser. Am Interview erzielt den Titus Müller ënner anerem wat hien dozou bewegt huet, fir dës historesch Evenementer a sengem Roman ze verschaffen.
"Die Dolmetscherin" vum Titus Müller ass am Heyne Verlag erauskomm.
Den Abdulrazak Gurnah krut 2021 de Literatur-Nobelpräis
Mat der Swetlana Alexijewitsch war 2016 fir d'lescht eng Literatur-Nobelpräis-Laureatin zu Lëtzebuerg. Bal 10 Joer duerno ass et elo nees esou wäit. D'Nathalie Jacoby, Direktesch vum Nationale Literaturarchiv zu Miersch, wäert sech den 28.November am Institut Pierre Werner beim beléifte Literatur-Format "Das Blaue Sofa" mam Abdulrazak Gurnah iwwer säi Wierk, a ganz besonnesch iwwer säin neiste Roman mam Titel "Diebstahl" ënnerhalen. Am Virfeld war si bei eis am Studio fir iwwer dem Abdulrazak Gurnah säi Wierk ze schwätzen. Dobäi huet si och verrooden, wéi een sech op esou en Evenement virbereed.
Wien den 28.November am Institut Pierre Werner wëll dobäisinn, ka sech um Site www.ipw.lu nach umellen. D'Gespréich (op Englesch) fänkt um 19h00 un.
"Fir Heemecht a Fräiheet" vum Romain Schmit
"De Jonktem lieft am Krich an e stierft och am Krich. Wat wär e Krich ouni Jonktem?" (Romain Schmit)
Iwwerfäll op Zich, Liewen am Ënnergrond, wëll Verfollgungsjuegten a permanent Liewesgefor: wat sech unhéiert wéi d'Dréibuch vun engem Action-Film, dat sinn d'Memoiren vum Romain Schmit. De gebiertegen Ëlwenter (Joergang 1920) huet nom Krich seng Erënnerungen u seng Zäit an der Resistenz zu Pabeier bruecht. Dobäi hat hien ni geplangt fir seng Opzechnungen als Buch erauszebréngen. Eréischt elo, 80 Joer méi spéit, huet säi Jong Norbert Schmit sengem Papp seng Memoire redigéiert a verëffentlecht, ënnert dem Titel: "Fir Heemecht a Fräiheet". Wéi et dozou komm ass, a wat dee jonke Maquisard deemools erlieft huet, dat erzielt den Norbert Schmit am Interview.
Dem Florent Toniello säi Lyrik-Band ass op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025
Wéi géif eng ausserierdesch Liewesform eis Äerd wouerhuelen? Déi Fro huet sech de Florent Toniello gestallt an op enger Rees an Island huet hien sech vun der eenzegaarteger Landschaft vun der "Insel aus Feier an Äis" inspiréiere gelooss. Am Interview erzielt hien wéi hien a senge Texter mat der Sprooch spillt a wéi d'Fotoen vum Thomas Fleckenstein seng Lyrik ergänzen.
"Hraun" vum Florent Toniello ass bei Michikusa Publishing erauskomm
An 13 Kuerzgeschichten erfuerscht d'Nora Wagener wéi Mënschen a Relatiounen sech an der digitaler Welt verännert hunn
Vun Online-Shopping iwwer Dating bis bei Gespréicher mat engem Chatbot: déi nei Technologien sinn an all Beräich vun eisem Liewe präsent. Am Interview erzielt d'Nora Wagener wéi dës Technologien net nëmmen den Inhalt, mä och d'Form vun der mënschlecher Kommunikatioun veränneren.
"Die Sperber-Bussard-Frage" vum Nora Wagener ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.
"Yamabushi - La sagesse des montagnes" vum Robert Weis
Mat "Retour à Kyoto" (Transboréal, 2023) huet de Robert Weis eis schonn eng Kéier mat a Japan geholl. E Land mat zwee Gesiichter: op der enger Säit déi modern Metropol Tokyo, op der anerer Säit dat Japan dat op eng jorhonnertelaang Geschicht zeréckkuckt. Eng räich Traditioun déi de Robert Weis op senge Reesen an d'Land vun der opgoender Sonn kennegeléiert huet. A sengem neie Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" erzielt hien vun de Yamabushi, Mënchen déi an ofgeleeëne Biergregiounen eng déif spirituell Verbindung mat der Natur fleegen.
"Yamabushi - la sagesse des montagnes" vum Robert Weis ass bei Transboréal erauskomm.
D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt.
Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an hirem Buch spillt a si erënnert sech un de leschten Owend mat hirem Papp, deen am August 2025 verstuerwen ass. Ausserdem verréit si firwat hir Lëtzebuerg ëmmer nach wichteg ass, obwuel si haut nees an hirer Gebuertsstad Frankfurt lieft.
"Man müsste versuchen, glücklich zu sein" vun der Julia Holbe ass am Penguin Verlag erauskomm.
Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op
D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn allze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den absoluten Albdram vun alle Schüler, Enseignanten an Elteren: en Amoklaf an der Schoul. D'Biller vu Minneapolis sinn eis alleguer nach frësch an Erënnerung, mä esou genannte "School Shootings" ginn et net just an den USA. A sengem Roman "Quick and Dirty" beschäftegt sech de de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth mat dësen Tabuthemen. D'Handlung fänkt op engem ganz gewéinleche Méindegmoien un. Deen Dag steet ënner anerem e Conseil de Discipline um Programm, dräi Schüler riskéieren wéinst onentschëllegten Absencen vun der Schoul ze fléien. Mä kéint do nach méi dohannerstiechen? Sinn déi dräi gemobbt oder souguer intimidéiert ginn? Am Laf vun den nächsten 10 Deeg wäert sech doraus eng Geschicht entwéckelen an der net nëmmen de Bandechef Arnaud sech eppes virzegeheien huet. Méi doriwwer am Interview mam Auteur Roger Roth.
"Quick and Dirty" vum Roger Roth ass am Selbstverlag erauskomm. ISBN 978 9995909932
De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm
Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éischte Roman gëtt et villes auszepaken. "Roserei" ass e Buch iwwer Jonker, fir Jonker an Erwuessener. Erwuesse Lieser dierften awer mat dem engen oder anere Wuert hir Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill: wat ass "moshen"? Am Interview gëtt et d'Äntwert!
"Roserei"
Cosimo Suglia
Sprooch: Lëtzebuergesch
Erauskomm bei Op der Lay
ISBN 978-2-87967-281-6
144 Säiten
17,90€
"10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen
De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien d'Comic-Figuren Tun a Frunnes gezeechent, déi an den 1990er Joren an der Kannerzäitschrëft Zack opgetruede sinn. Seng grouss Passioun sinn awer Krimien an hien ass Matbegrënner vum Verlag crime.lu. A sengem neie Buch "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen" verbënnt hie seng Léift zum Krimi mat sengem Talent als Illustrateur. An als Bopa vun 10 Enkelkanner weess hie ganz genee wat déi Jonk gäre liesen!
Am Interview erzielt hien wéi de Verlag crime.lu sech an de leschte Joren entwéckelt huet, wéi eng Bicher si fir e jonke Public ubidden a wéi hie selwer a senge Bicher nei an onkonventionell Weeër geet.
"10 mystères à résoudre"
Texte et illustrations de Pierre Decock
77 pages
8-12 ans
14,50€
"10 Kriminalfälle zum Lösen"
Illustrationen: Pierre Decock
Deutsche Übersetzung: Gaston Zangerlé
77 Seiten
8-12 Jahre
14,50€
Weider Krimien aus der Fieder vum Pierre Decock a Krimien fir Kanner fënnt een op der Websäit vum Verlag crime.lu
Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers
Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net Halloween! An dat sinn och just dräi vun am ganzen 111 Plazen, déi een uechter d'Land entdecke kann. Et ass schonn dat zweet Buch iwwer Lëtzebuerg an der Serie "111 Orte..." vum Kölner Emons Verlag, mä dës Kéier geet et net just ëm d'Stad Lëtzebuerg, mä ëm dat ganzt Land. Dat Besonnescht dorun: et sinn net déi bekannten Touristenattraktiounen déi fir d'X-te Kéier beschriwwe ginn, mä déi onbekannten Ecker aus eisem Ländchen, schéin, skurril, interessant, onheemlech an ëmmer onerwaart! Zu Mäerzeg oder Minsbech, zu Walfer oder Wolz, kommt mat a loosst Iech iwwerraschen!
D'Susanne Jaspers, Editrice, Romanautorin a Reesschrëftstellerin, verréit am Interview wéi si alleguer déi Plaze fonnt huet a wat si dorun faszinéiert.
"111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss"
Susanne Jaspers
Emons Verlag
240 Säiten
18,95€
N.B.: "111 Orte in Luxemburg die man gesehen haben muss" (Luxemburg-Stadt) vum Joscha Remus ass 2020 erauskomm an och ëmmer nach op Franséisch an Däitsch disponibel
Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch?
Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erkläert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet.
Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm
Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng Sekretärin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass.
Och wann een op den éischte Säiten en aneren Androck kréie kann, "Les carnets de Gaspar" ass méi wéi just eng Reiefolleg vun eroteschen Aventüren vun engem a sech selwer verléifte Fraenheld. No an no gëtt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongeféierlech ass.
De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op säi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal gläichermoossen doheem fillt.
[attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"]
"Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W."
vum José Luís Correia
Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus
erauskomm bei: D'Bréck
392 Säiten
ISBN 9 789998 799554
25€
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini
An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf.
2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen.
"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm.
Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad
"Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift
An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage.
Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025
Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser.
Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete Kéier op der Shortlëscht vum Prix Servais steet, ass dëst Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedéngt en Ausdrock vu Pessimismus. Villméi dréckt et eng gewëss Maturitéit aus, déi mat der Naivitéit an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschäerfte Bléck deen och Schéinheet an deene klengsten Detailer erkenne kann.
"Salztage + zurück" vum Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.
Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt.
De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan.
D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025) Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023)
De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids)
D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen.
Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn!
"Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy
"Gelegenheit macht Mörder" sou kéint een déi éischt Säite vun dësem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng Täter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dës Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriéisen Duebelmord - an dobäi wäert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquêtéiert a pickt dobäi an en Harespelsnascht aus Mobbing, Muechtmëssbrauch a Mord. D'Polizistin léisst sech dovun awer net découragéieren. Hire Virwëtz ass gestëppelt a si huet net wëlles kleng bäizeginn. Do dernieft muss si sech och mat private Verännerunge beschäftegen, déi hiert Familjeliewen op d'Kopp geheien.
Der Claude Dominicy ass e spannende an däischtere Krimi gelongen. Wie kann hir et do verdenken, dass si selwer och e bëssen am Schiet bleiwe wëll?
Am Interview erzielt d'Claude Dominicy wéi si un d'Schreiwe komm ass, wéi eng Krimi-Auteuren si selwer gäere liest a wéi eng Zukunftspläng si fir hir Kommissarin Dany Kerner huet.
"Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy ass am däitsche Gmeiner Verlag erauskomm.
"Léa ou la théorie des systèmes complexes" vum Ian de Toffoli
2023 ass et als Theaterstéck am Kapuzinertheater gewise ginn, elo ass d'Buch beim renomméierte franséische Verlag "Actes Sud" erauskomm.
Dokumentatioun a Fiktioun: dem Ian de Toffoli säin Text ass béides. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mächteger US-amerikanescher Petrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill tëscht Industrie a Politik an deen nefasten Afloss deen dëse komplexe System op eis Ëmwelt huet.
D'Figur vum Léa dogéint ass reng fiktiv. An enger Welt déi duerch den ongebremste Klimawandel riicht an d'Mauer fiert, gesäit hat keng Zukunftsperspektiv méi a radikaliséiert sech. Gläichzäiteg muss hat erkennen, dass hat selwer en Deel vun dësem komplexe System ass.
Am Interview erzielt den Auteur Ian de Toffoli vu senge Recherchen zu engem brisanten Thema dat duerch d'Aktualitéit ëmmer méi an de Fokus réckelt.
"Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig
Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war.
Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif veränneren.
"Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm.



