Am Rebound vun haut, kucke mir iwwer eis Grenz eraus. Nämlech op Saarlouis. Mat de Royals huet d'Magaly Meynadier déi leschte Saison d'Coupe gewonnen a gouf Vice-Champion an Däitschland. De Rich Simon huet fir dëse Rebound mat der Lëtzebuergerin geschwat an een Tëschebilan vun der Saison gezunn.
Am Rebound vun haut zitt de Rich Simon een Tëschebilan no 3 Spilldeeg. Verschidden Ekippen hu sech jo am Ufank vun der Saison relativ schwéiere gedoen. Do dernieft kuckt hien och nach zeréck, wéi déi Lëtzebuerger Damme sech bis elo um europäesche Parquet aus der Affär gezunn hunn.
Muer fänken d'Spiller vun de klenge Länner, an Andorra un. Den Häre Basket ass bei dëser Editioun net an der Kompetitioun dran, dofir awer Dammen. An dat esouwuel am 5 géint 5, wéi och am 3 géint 3. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon, wéi d'Chance vun der FLBB Selektioun an Andorra stinn.
Virun e puer Deeg huet den Thomas Grün annoncéiert, datt hien Basketsschong un den Nol géif hänken. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon ënnert anerem op seng ausseruerdentlech Karriär zeréck. Een anert Thema ass d'Jugend am Lëtzebuerger Basket.
Bei den Hären ass Decisioun em de Championstitel nach net gefall. Bei den Dammen ass dat awer anescht. De Gréngewald war och dëst Joer nees déi beschten Ekipp. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op d'Saison an awer och op déi leschten 3 Matcher vun der Final, zeréck..
De Rebound vun haut steet am Zeeche vun der Däitscher Damme-Bundesliga. An där ginn nämlech d'Finalle vum Championnat gespillt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dat interessant, well d'Magaly Meynadier an deene Finalle mat Saarlouis géint Keltern spillt. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
Mat der Etzella steet deen éischte Finalist am Championnat am Härebasket scho fest. An der Halleffinall tëscht der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng fält d'Decisioun awer eréischt am drëtten an decisive Match. Bei den Dammen ass muer déi éischt Final tëscht dem Gréngewald an der Sparta. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
Am nationale Basket kréien d’Clibb dacks virgehäit, si hätte keng Gedold mat hire Profien. Den Auslännerkarussell géif ze séier dréien, an dat wier alles anescht wéi eng Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket. Datt et awer net ëmmer un de Clibb läit, beweist de Guy Seyler am Rebound vun haut um Beispill vum BBC US Hiefenech.
Déi éischt Decisioune sinn an dëser Saison schonns de leschte Weekend gefall. Nämlech wie bei den Damme wéi och bei den Hären d'Coupe géif gewannen. De Verdikt ass bekannt. Bei den Dammen ass d'Coupe an der Gréngewald gaangen a bei den Hären op Esch. Am Rebound kuckt de Rich Simon haut nach eng Kéier op déi zwee Matcher zeréck.
Ee vun de wichtegsten Rendezvousen wärend enger Basketsaison sinn d'Finalle vun der Coupe. Déi gi muer an der Coque gespillt. Bei den Damme kritt de Gréngewald et mat Bartreng ze dinn, a bei den Hären spillt Ettelbréck géint Esch. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op dës zwee Matcher no vir.
D'Magaly Meynadier, huet de leschte Weekend e bësse Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. D'Nationalspillerin huet nämlech mat hirem Veräin "Saarlouis Royals", déi däitsch Coupe gewonnen. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon, mat der fréiere Spillerin vun de Musel Pikes, zeréck op dëse Succès...
No der verpasster Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft vun de Basket-Dammen, ass d'Pre-Qualifikatioun fir d'WM vun de Basket Hären elo och eriwwer. De leschte Weekend gouf et nämlech eng Néierlag an Norwegen. Dat war och dem Thomas Grün säi leschte Match an der Nationalekipp. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Am Rebound vun haut mam Franky Hippert geet et ëm de Championnat am Dammebasket... dann huet d'Lëtzebuerger Häre-Nationalequipe gëscht hire leschte Match an der Prequalifikatioun gespillt... a fir den Thomas Grün war et déi lescht Partie am Dress vun der FLBB-Formatioun:
Um drëttleschte Spilldag an der Qualifikatiounsronn an der Enovos-League bei den Hären huet den zweetleschten, Musel-Pikes, d'Limiten géint den Zweeten an der Tabell, Diddeleng, gewise kritt. Lo hunn d'Hären wéinst der Nationalequipe bis Enn Februar Paus. Bei den Dammen gouf de leschte Weekend net gespillt well d'Nationalequipe am Asaz war. Et sollt um Enn fir d'FLBB-Dammen awer esou just net duergoen fir sech fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
Den Dram fir bei der Europameeschterschaft dobäi ze sinn, geet fir Dammen -Nationalekipp weider. Gëschter huet d'FLBB Selektioun, kloer a Bosnien/Herzegowina gewonnen. Wann d'Ekipp elo och nach e Sonndeg a Montenegro gewënnt, dann ass ee sécher op der EM dobäi. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Am nationale Basket hunn d'Dammen op héchstem Niveau dëse Weekend Paus. Charlie Bidinger a Co. spillen d'nächst Woch an der Europameeschterschaftsqualifikatioun an hunn d'eenzegaarteg Méiglechkeet sech fir d'EM ze qualifizéieren. D'Hären hunn am Championnat haut an e Sonndeg en duebele Spilldag um Programm stoen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
Am Rebound vun haut steet virun allem Dammenekipp vu Bartreng am Mëttelpunkt. Vu Match zu Match gëtt kloer, datt d' Sparta déi Ekipp ass, déi an dëser Saison dem Gréngewald als éischt ka geféierlech ginn. Béid Ekippen stinn elo och an der Final vun der Coupe. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert....
Eng traureg Affär vun engem U14 Match huet dës Woch déi Lëtzebuerger Basketswelt dominéiert. Elo stinn um Weekend awer nees d'Halleffinalle vun der Coupe um Programm. Deemno steet elo nees dat Sportlecht un. Dat sinn déi zwee Themen dës Woch am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Am Rebound steet haut den eelste Veräin aus dem Land am Mëttelpunkt. Nämlech d'Nitia vu Beetebuerg. Et ass nieft dem Mierscher Veräin, deen eenzegen deen an der Nationale 2 ouni auslännesch Verstäerkung spillt. De Rebound vun haut, gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...
Am Basket ginn d’Zuschauerzuelen zréck. Am Dezember virun 10 Joer ware beim Match tëschent dem T71 Diddeleng an der Amicale Steesel 532 Leit duerch d’Keess gaangen. Virun 3 Wochen waren et der nach just 55. Dat ass eng beonrouegend Entwécklung. Am Rebound vun haut mécht de Guy Seyler sech e puer Gedanken iwwer dësen negativen Trend.