DiscoverRTL - Sprint
RTL - Sprint
Claim Ownership

RTL - Sprint

Author: RTL Radio Lëtzebuerg

Subscribed: 20Played: 429
Share

Description

De Magasinn vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun.
35 Episodes
Reverse
Sprint, 20/06/2024

Sprint, 20/06/2024

2024-06-2003:02

Ugangs des Mounts war zu Roum d'Europameeschterschaft an der Liichtathletik. D'Jana Peters huet mat verschiddenen Athleten iwwert hier Erfahrungen an Resultater geschwat.
Sprint, 16/05/2024

Sprint, 16/05/2024

2024-05-1602:26

Am Sprint vun haut dréit sech alles em den Nuetsmarathon an der Stat an dat mat enger Rekord Participatioun. D'Wieder huet matgespillt an déi bescht Lëtzebuerger hunn et op de Podium gepackt. D'Jana Peters huet mam Organisateur an den Leefer iwwer dëst Evenement geschwat.
Sprint, 21/03/2024

Sprint, 21/03/2024

2024-03-2102:28

Am Sprint dréit sech haut alles em d'Indoor Weltmeeschterschaft zu Glasgow. D'Jana Peters huet mat den Athleten iwwert hier Erwardungen am Virfeld an hir Resultater geschwat.
Sprint, 18/01/2024

Sprint, 18/01/2024

2024-01-1802:14

Am Sprint vun haut schwätzt d'Jana Peters mat zwou Leeferinnen iwwert hier nei Lëtzebuerger Rekorder a verréit iech wéi ee Rendez-vous een dëse Weekend op kee Fall sollt verpassen.
Sprint, 21/12/2023

Sprint, 21/12/2023

2023-12-2102:00

Den Dezember ass dee Mount, wou d'Sportler ausgezeechent ginn, déi an hirer Sportaart déi beschte Resultater haten. An der Liichtathletik ass dat net anescht. Kierzlech goufen d'Patrizia van der Weken an de Charel Grethen fir hir Leeschtungen geéiert. Dat ass Thema haut am Sprint, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
Sprint, 21/09/2023

Sprint, 21/09/2023

2023-09-2102:50

D'Summersaison an der Liichtathletik ass eriwwer. Zäit also e klenge Réckbléck op déi leschte Méint ze maachen. De Rich Simon huet mat de verschiddene Protagonisten, iwwert hir Leeschtungen, Resultater an Ziler fir Zukunft geschwat.
Sprint, 17/08/2023

Sprint, 17/08/2023

2023-08-1702:28

Vum 19. bis den 27. August ass d'Liichtathletik Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn. Mam Bob Bertemes, dem Patricia Van der Weken, dem Vera Hoffmann an dem Charel Grethen sinn 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Virun allem de Charel Grethen hat net deen einfachsten Ufank vun der Saison, Sam Rickal.
Sprint, 15/06/2023

Sprint, 15/06/2023

2023-06-1503:00

Am Sprint mécht d'Jana Peters e Réckbléck op de Nuetsmarathon a verréit Iech wien an dëser nach jonker Summersaison schonn nationale Rekorder opgestallt huet.
Am Sprint vun haut dréit sech alles em  dat gréissten Laafevenement hei am Land, Jana Peters
Sprint, 20/04/2023

Sprint, 20/04/2023

2023-04-2002:49

An de leschte Woche war an der Liichtathletik vill op nationalem Plang lass, an et stinn och nees grouss Rendezvousen virun der Dir. Am Sprint vun haut, verréit iech d' Jana Peters ënnert anerem wien Champion iwwert 10 Kilometer op der Strooss gouf an wat dann deemnächst um Programm steet.
Sprint, 16/03/2023

Sprint, 16/03/2023

2023-03-1602:33

Am Sprint vun haut mécht d'Jana Peters e Réckbléck op d'Haaleneuropameeschterschaft zu Istanbul an den nationale Cross Championnat.
Sprint, 17/11/2022

Sprint, 17/11/2022

2022-11-1702:55

Am Sprint vun haut verréit iech d'Jana Peters, wien sech de nationale Championstitel am Marathon séchere konnt a mam Sven Remakel kucke mir op den Trail Uewersauer an den Trail Championnat, deen dësen Weekend zu Heischent ass, no vir.
Sprint, 20/10/2022

Sprint, 20/10/2022

2022-10-2002:54

Am Sprint vun haut kuckt d'Jana Peters op d' Coursse vum leschte Mount zréck, a schwätzt mat der neier Championne um Semi Marathon iwwert hier Course an och d'Wantersaison.
Sprint, 15/09/2022

Sprint, 15/09/2022

2022-09-1502:53

Am Sprint vun haut gitt dir déi leschte Resultater vun den FLA Athleten gewuer an d'Jana Peters verréit Iech och, wien déi 6. Editioun vum Ultratrail am Mëllerdall gewonnen huet.
Am Sprint vun haut geet et em néi Beschleeschtungen, déi national Championnater an d'Jana Peters schwätzt mam Patrizia Van der Weken a dem Charel Grethen iwwert d'Weltmeeschterschaften am Oregon.
Am Sprint vun haut schwätzen mir iwwert de Championnat vun de klengen Europäesche Staaten zu Malta, den Nuetsmarathon an der Stat an d'Jana Peters verréid Iech wéieng Athletin e nationale Rekord aus dem Joer 1996 verbessert huet.
Am Sprint vun haut schwätze mir iwwert nei national Beschtleeschtungen an de wuel gréisste Rendez-vous fir d'Leefer hei am Land. Am Gespréich mam Erich François, dem Organisateur vum Nuetsmarathon verréit iech d'Jana Peters op wat sech d'Leefer den 28. Mee kënnen freeën.
Am Sprint  vun haut gi dir ënnert anerem déi leschte Resultater vun den FLA Athleten gewuer. An am Gespréich mam Jana Peters, erkläert iech de Bob Bertemes d'Konzept vum Wings for Life World Run, deen dëst Joer fir d'éischt hei zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt....
Am Sprint vun haut dréit sech alles em den Indoorchampionnat an der Coque an d'Crossmeeschterschaften déi dëst Joer am Parc Leh zu Diddeleng waren. De Magasinn vun der Liichattahletik Federatioun gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert....
Insgesamt 24 Mol goufe wärend dëser Indoor-Saison schonn national Rekorder verbessert. D'Jana Peters huet sech mat dräi Athleten ënnerhalen, déi en Deel vun dëse Rekorder opgestallt hunn.
loading
Comments