Discover
RTL inteam
37 Episodes
Reverse
D'Kandheet tëscht Käl an Diddeleng, Konschtjournalismus zu Berlin, chillen um Rüdesheimer Platz an dee klengen Elias lauschtert Kannaniuuss op italieenesch
Aus der Dell via Esch an d'Gaasperecher Wisen - eemol an ëmmer Scout, en Häerz fir den Niger, Agriturismo am Piemont: de Roy ass en engagéierte Genéisser
Moies um 4 rabbelt de Wecker, Schülerradio a Foussball zu Wolz, Tennis an Afterwork no Bauchgefill, Trëppeltoure mam Mupp a wgl. net virdrécken!
Aus dem Housener Park an d'Gaasperecher Wise getrëppelt, Kéis ouni Goût, eng Wunneng ouni Biller awer eng Bréifdauw verléiert ni den Norden
Guiden a Gittar, Depeche Mode, Arsenal London, flott Joren zu Wien awer zu Jonglënster mécht de Max ëmmer nach de beschte Kaffi
E feine Lënster Jong mat italieeneschem Blutt dee bal Turnproff gi wier, d'Boma Béierpanz, de Kolleeg Joseph a sécher eng 3. Rees op Pisa
Radio Fëtzebuerg zu Käerch, Autostopp duerch Südamerika, mam Moto iwwert d'A3, Artikelen am Wort a Faszinatioun Indien ... scho cool
Am Atelier de Mann fir alles, kaum ouni Cap awer fir ëmmer tätowéiert. De B.O.B. fiert serious Moto an organiséiert ewell méi wéi e schwätzt
Aus der Forge du Sud op d'Musel - e Liewe laang giel an nimools blo, wgl. keng Loftballonen op Vältesdag an et wäert definitiv beim "Här" Philipp bleiwen
Wäicherdang, Tel Aviv, Mëllerdall a Pakistan - Klammen, Theater, Paragliding, Yoga, Moto ... mat eiser Vollbluttjournalistin gëtt et eben ni langweileg
Den Technikfreak vum Kuelebierg: En Haus voller BDen, ni méindes, ni Mëllechschockela a wann et nëmme geet mam Vëlo - "Larguez les amarres!"
Dem Pitt säi Wee vun där enger op déi aner Säit vun der Kamera: E Maacher Wakeboarder dee gäre fir vill Leit kacht - och Wiederfräschenhamen?
Basket- a Gesangstalent, Podcasten am Bambësch, Skinny Bitch am Vis-à-Vis ... a vum Kierchbierg kann net mol eng Maus d'Claudia verjoen
Aus der Bakstuff zu Märel an eise Promo-Studio: Lénksfouss, Sprinter, Student zu Stroossbuerg an Dj Foolproof ... elo leet eise "Locher" op!
Vum Éislek an de Minett: Déi fréier Wäschfra Wally babbelt och italieenesch a russesch, ass keng Shopping-Queen a war bal e Blummemeedche ginn
De Philosoph Jans (ouni "h" wgl.) deen am Beetebuerger Märchepark bei Ham, Fritten an Zal(d)ot op senger Gittar braddelt
Theaterwëssenschaft a Programmheftverkeefer zu München, e Mini am Pitcher. De Jean-Marc huet et gäre klassesch, minimalistesch awer op kee Fall wotlech
Vun Iewerleng via Kolléisch op Köln, Serbokroatesch, Muay Thai, True Crime a wéi ee 6 Méint no sengem selwer gutt verstoppte Portmonni sicht
Vu Radio Belle Vallée bis ESC: De Loïc ass eng Rennscheier, berufflech a privat. E sportleche Lausbouf dee gäre reest an alkoholfräien Gin genéisse kann
Zu Ettelbréck am Turnveräin, mam Vëlo um Ventoux a Wanderen zu Zermatt. D'Mariette bliedert nach am Filofax an hat keng Kanéngche gewonnen



