Speakeasy Podcast

Fir all Är philosophesch Froen...

Schüler-Froen zur Kris am Noen Osten

D'Krise am Noen Osten werft vill Froen op. Och bei Schüler. Dofir hunn ech d'Froen vun mengen Primaner vun der Optioun "sujets d'actualité" aus dem Lycée Classique d'Echternach mat bei en Expert geholl. En Interview mam Journalist Petz Bartz.

10-12
55:37

Formel 1 an Fairness - Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1?

Geet et an der Formel 1 ëm Sport, ëm Competitioun, ëm Geld? Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? Firwat fënnt een keng Fraen am Cockpit? Kann ech F1 kucken, an en gutt Gewëssen hunn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg

09-20
25:11

Formel 1 an Fairness - Di selwescht Regelen fir all Mënsch?

Ass Formel 1 en fairen Sport? A wann jo, firwat gëtt dann net all Pilot oder Écurie gläich belouhnt. An dëser Episod gi mer méi am Détail op di berühmt-berüchtegt Course zu Abu Dhabi 2021 an…wéi fair war dat, an kann een sech Weltmeeschter nennen, wann een den Titel quasi geschenkt kritt? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg

09-19
32:15

Philosophesch Wanderung?

Haut si mer dobaussen, an maachen eng Wanderung mam Pascale Worré vun Philo-Life. Hatt proposéiert säit kuerzen dat Konzept, an mir froen no, wat sech dohannert verstoppt!

09-13
22:34

Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancengläichheet?

Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancëgläichheet? Ass Formel 1 en fairen Sport? A wa jo, firwat gewënnt dann net ëmmer de beschte Pilot? Ass de cost cap fair? Schützt een domat net di schlecht Écurien? An hunn ech och eng Chance an d’F1 ze kommen, wann ech net an enger räicher Famill gebuer ginn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg

08-22
37:35

Top 3 Events fir 2024

Wat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz

02-09
33:17

Keng Stëmm fir Fraen?

Firwat si manner Fraen an der Regierung wéi Männer? Wëll kee Fraen wielen? Oder trieden der manner un? An ass dat e Problem, dee behuewen muss ginn? Déi Froen kläre mer mam Milena Steinmetzer

02-09
39:45

Israel-Gaza mam Petz Bartz

Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d’Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext? Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis? Dat sinn Froen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren, fir en Iwwerbléck zum Problem ze kréien.

01-14
32:54

Punition, réinsertion, pardon?

Punition, réinsertion ou pardon ? Nous poursuivons notre exploration du monde carcéral avec la seconde partie de l’interview. Comment la prison gère-t-elle les prisonniers ? Faut-il les punir ? Ou les tenir à l’écart de la société pour la protéger ? Que se passe-t-il une fois que leur peine est purgée ? Sentence purgée, faute pardonnée ? Je vais poser ces questions à Karim Elkhmlichi, un psychologue et philosophe qui travaille pour le SPF Justice. Il a également travaillé dans l'administration de plusieurs prisons, dont celle de St. Gilles à Bruxelles.

01-08
37:30

Qui va volontairement en prison?

Aujourd'hui, explorons le monde carcéral avec une question intrigante : Qui choisit d’aller volontairement en prison ? Le directeur, bien évidemment, l'un des rares à se trouver volontairement derrière les barreaux ! Qu'est-ce qu'être directeur de prison ? Quelles missions et quelles personnes embrassent cette carrière unique avec des détenus au quotidien ? Je vais parler de cela avec Karim Elkhmlichi, un psychologue et philosophe qui travaille pour le SPF Justice. Il a également travaillé dans l'administration de plusieurs prisons, dont celle de St. Gilles à Bruxelles. Préparez-vous à plonger dans le monde carcéral avec le premier épisode d'une mini-série qui décortique les méandres de cette réalité. (N.b.: Il ne s'agit pas d'une discussion officielle avec le SPF Justice. Karim Elkhmlichi s'exprime ici à titre personnel.)

12-20
25:34

Äddi a Merci #12 - Doud a Statistik 3/3

Ass et banal, Worksheets iwwert di Verstuerwen z’erstellen? Wéi ginn di Leit vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé mat hirem Arbeschtsmaterial eens. Veränneren Zuelen an Zifferen den Rapport, deen een zu senger eegener Stierflechkeet huet? Lauschtert eran, fir et eraus ze fannen! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html

11-27
22:18

Äddi a Merci #11 - Doud a Statistik 2/3

Wat bedeit “mort de cause inconnue” oder “mort sans témoin”? Wat verstoppt sech hannert den diversen an zum Deel beonrouegenden Coden an Bezeeschnungen vun den Statistiken iwwert den Doud vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé verstoppt. Dat fannt der nëmme eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html

11-17
31:29

Äddi a Merci #10 - Doud a Statistik 1/3

Wann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d’Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach? Dat fannt der eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html

10-31
36:39

Wahl-Campagne an Journalismus

Stellt Iech fir, dier wäert Journalist a misst en Walkampf ofdecken. Wéi maacht der dat? Wéi eng Froen stellt der? Wiem stellt der se? Muss all Politiker di selwecht Froen gestallt kréien? Wéi verhënnert een, vun der Politik als Werbe-Plattform mëssbraucht ze ginn? Bref: Wéi leet een sech un, fir en Walkampf neutral an sachlech ze managen. Déi Froen diskutéieren ech mam Guy Weber, Informatiouns-Direkter bei RTL Lëtzebuerg.

09-15
38:46

Äddi a Merci #9 - Suizid a Präventioun

Suizid ass en Tabu-Thema. A genau dofir schwätze mer driwwer. Ween hëllt sech d'Liewen? Firwat? Wéi? Wat muss, kann oder soll een ënnerhuelen? Muss een iwwerhaapt? Wéi geet Suizid-Präventioun? A wat mécht dat mental oder emotional mat Léit, di an dem Beräich schaffen? Déi Froen stellen ech dem Dr. Fränz D'Onghia, dem Direkter vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale.

09-13
54:10

(Inter?)national-Walen

An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d’Theorie...

08-21
37:17

Äddi a Merci #8 - Bei de Pompjeeën

An der Serie „Äddi a Merci – E Liewen mam Doud“ gi mer haut kucken, wéi de Pompjee mam Doud confrontéiert gëtt. Et ass jo e Beruff, wou een ni weess, wat op een duer kënnt. A wou een och mol Schlëmmes muss gesinn. Wat erwaart een iwwerhaapt? Wéi gëtt een domat eens? Déi Froen diskutéieren ech mam Béatrice Kabers, mam Pit Gries a mam Jeff Gotting.

08-01
30:29

Äddi a Merci #7 - Beim Doudegriewer

Wat mécht en Doudegriewer eigentlech? Wéi geet een mental domat am, um Kierfecht ze schaffen? An dëser Episod vun “Äddi a Merci – E Liewen mam Doud” geet et op de Märeler Kierfecht, wou ech mam Luc Theis a mam Marc Conradt iwwert hiren professionellen Alldag schwätzen.

07-20
41:28

Ukraine mam Petz Bartz #3

Dag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod diskutéieren.

07-17
31:44

Walrecht ab 16?

Ech diskutéieren haut mam Marc Schoentgen, dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, doriwwer, ob e Walrecht ab 16 sënnvoll ass, wat dofir an dogéint schwätzt, an och iwwert di „80%“, di virun 8 Joer dogéint waren.

07-12
30:13

Recommend Channels