DiscoverStatus 5 - De CGDIS Podcast
Status 5 - De CGDIS Podcast
Claim Ownership

Status 5 - De CGDIS Podcast

Author: CGDIS

Subscribed: 8Played: 23
Share

Description

E Podcast vum CGDIS? Absolut!

Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast?

Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:

- Asätz vum CGDIS
- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS
- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën
- Rekrutement vu Beruffspompjeeën
- a Villes méi

Lauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen!

A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
7 Episodes
Reverse
Wat ass de CGO?Wéi preparéiert de CGDIS sech op eng Canicule?Ginn et wärend enger Canicule tatsächlech méi Asätz fir de CGDIS?An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor, Chef de département Bâtiment zesummegesat. Hie war wärend der Canicule am Juni 2026 de Coordinateur vum CGO. Hien zielt eis wéi de CGDIS sech op dës aussergewéinlech Situatioun virbereet huet, wéi eng Demarchen an d'Weeër geleet goufen an, dass de Fonctionnement vum CGDIS, grad wärend enger Canicule, net nëmmen duerch Pompjeeë garantéiert gëtt.
Wat gesäit d'Aarbecht an engem CIS aus?Wéi ass d'Struktur vun engem CIS opgebaut?Wéi kann een sech als Pompjee an engem CIS weiderentwéckelen?An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d'Annick Baustert, zukünfteg Chef vum CIS Luxembourg an de Serge Steffes, Chef vum CIS Echternach invitéiert. Béid erklären eis wéi d'Aarbecht an engem CIS ausgesäit, wéi en CIS iwwerhaapt funktionéiert a wéi e Pompjee sech an engem CIS ka weiderentwéckelen. Do dernieft gi mer och dem Annick säi perséinleche Parcours gewuer a wéi hat zum Poste vum Chef CIS komm ass.
Wéi gesäit den Alldag vun engem Pompjeesstagiaire aus?Wéi vill Praxis ass wierklech um Programm?Wat mécht e Stage an engem CIS aus?...An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição, Pompjeesstagiaire am éischte Joer, eis iwwert säi perséinleche Parcours gezielt a wéi heen déi éischt Deeg an der Ausbildung erlieft huet. Doriwwer eraus gi mir vun him gewuer, wéi e praktesche Stage an engem Centre d'incendie et de secours (CIS) ausgesäit a wat hie bis elo alles a senger Ausbildung konnt léieren.
Wat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn?Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of?Wat stécht hannert dem psychometreschen Test?An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi, Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer, Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d'Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een dann och kandidéiert.
Wéi laang dauert d'Ausbildung zum Beruffspompjee?A wéi enge Beräicher gëtt de Stagiaire ausgebilt?Ass et just dréchene Theorie-Unterrecht?...An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil, Chef de Département Formation de base vum CGDIS, bei eis am Studio. Heen hëlt eis mat hannert d'Kulisse vun der Ausbildung, déi all Beruffspompjee muss duerchgoen. Wéi déi Ausbildung ausgesäit, op wéi eng Situatiounen de Pompjeesstagiaire virbereet gëtt a wéi Asätz beim CGDIS kënnen ausgesinn, gitt der an dëser Episod gewuer.
loading
Comments