DiscoverStill loading...
Still loading...
Claim Ownership

Still loading...

Author: komma

Subscribed: 7Played: 20
Share

Description

Real talk about life in-between. Cheryl and Laure share stories, doubts, struggles, and firsts (mainly in Luxembourgish) — from school, jobs, and relationships to dreams and decisions. Join them every two weeks for a mix of humor, honesty, and relatable moments.
10 Episodes
Reverse
Yaya oder Yannick? Grafiker, Podcaster oder Social-Media-Personality? De Punkt op den i setzen oder sech upassen? Villäicht schléisst dat eent dat anert jo guer net aus, villäicht brauch ee guer keng Nische, just déi richteg tools am Liewen.Vun Diagnosen, verpasste Chancen, neien Dreem, Selbstvertrauen an dem richtegen Ëmfeld – an dëser Episod léieren d’Cheryl an d’Laure eng ganz Rëtsch u Facette kennen, vun hirem Gaascht dem Yannick Schumacher, awer och aus der Popkultur.Eng Episod iwwer ADHS, ënnerschiddleche Generatiounen an de verschiddenste Realisatiounen. Zum Beispill déi, datt zwar alles "still loading" ass mee dat nach laang net heescht, dass mir all mam selwechte Stecker oder Kabel funktionéieren.
De Laurent ass oppen, mécht gäre Wuertspiller an en ass frëndlech, mengt e mol. Zum Schluss vun der Episod kënnen d’Laure an d’Cheryl dat dann och confirméieren, dat an de Fakt, dass seng Behënnerung zwar en Thema ass, ma hiennach laang net ausmécht. Esou erkläert sech dann och firwat et e bëssen dauert ier déi Dräi op déi offiziell Bezeechnung vum Laurent senger Aschränkung ze schwätze kommen a wat dës mat sech zitt.Vum Haass op Parkhaiser, seelene Krankheeten an Tabuthemen, déi keng sollte sinn – dës Episod vu Still loading... hëlt iech mat an den Alldag vun der presuméiert eenzeger Persoun mat EDMD zu Lëtzebuerg.
Weniger labern mehr machen, ganz no deem Motto huet d'Amii Watson a sengem Liewe scho ganz vill ausprobéiert: vu Fashion-Blog bis eng eege Kleedermark, vu Grafikdesign bis YouTube-Channel. Do huet hatt aktuell iwwer 800.000 Subscribers mam Projet Flavour Trip, deen et zesumme mat sengem Frënd dem Jimmy, lancéiert huet. Firwat grad dësen, vun allen hiren Iddien, esou gutt funktionéiert erkläert hatt an dëser Episod.A wien elo mengt dat heite gëtt eng Episod iwwer eng réng Success-story, deen huet sech geiert: D'Cheryl an d'Laure kucke mam Amii zesummen hannert de Prozess, an deem esou vill méi stécht wéi just Follower-Zuelen. En éierlecht Gespréich iwwer de Wonsch no engem kreative Liewe mat all senge Vir- an Nodeeler an iwwer e Wee deen net ëmmer sou gelaf ass wéi een (oder anerer am Ëmfeld) sech dat virgestallt hunn.A propos et leeft net ëmmer alles wéi geplangt: déi lescht 10 Minutte vun der Episod ass eis Kamera ausgefall. Dofir entschëllege mir eis, a fir de Recht wënsche mir vill Spaass beim Lauschteren a Kucken.
Jiddereen huet eng Meenung zum Schoulsystème, mee elo mol ganz konkret: wéi gesi Leit aus dem Secteur dat eigentlech – wat ass still loading bei education.lu, wat misst een änneren a wat leeft gutt?Wärend d’Cheryl am franséische Schoulsystème war a sechfreet firwat eng G och mol als Poubellsklass bezeechent gëtt, huet d’Laure vun Dag 1 un de Parcours matgemaach, en Deel dovun och mat der Miss B. aka Diana Borges, dat mat 6Joer an d’Land, an domat an de lëtzebuergesche Schoulsystème, komm ass, an elo op der anerer Säit vum Pult steet: als Engleschproff.A wéi een op Englesch géif soen: “how the tables haveturned”, elo ass et un der Miss B. d’Froen ze beäntwerten - déi vum Laure a vum Cheryl, awer och déi vun iech!
Ganz genee ze wësse wat ee säi Liewe laang wëll schaffen, ass guer net esou evident. Déi meescht decidéiere sech iergendwann fir eppes a bleiwen dann dobäi. Anerer traue sech awer och hir Weeër ëmmer nees nei ze denken an zu där zweeter Kategorie, gehéiert definitiv de Christian. Vum Wonsch en Handwierk ze léieren, iwwer den Droit-Studium, bis an d'Welt vun den Immobilien an zu engem eegene Fitness: huet hie sech bewosst dofir entscheet fir all Iddi oppen ze sinn, an ze bleiwen.Wéi dëst an der Praxis ausgesäit, wat d'Cheryl an hie gemeinsam hunn an op wat fir en Deal d'Laure sech hei agelooss huet - dat gitt dir an dëser Episod gewuer.
Wat bleift eigentlech vun eisen Neijoersvirsätz iwwreg, wann d’Joer bal eriwwer ass? An ass et normal, dass d’Liewen sech méi no enger Achterbunn wéi no engem Vision board ufillt?An dëser Episod sëtzen d’Cheryl an d’Laure sech eng leschte Kéier fir dëst Joer zesummen a kucken zeréck op 2025: op déi grouss Ziler, déi kleng Erfolleger, d’Pläng, déi net ganz opgaange sinn – an op dat, wat se dobäi iwwer sech selwer geléiert hunn. Vun eegenen Erwaardunge bis zu der Erkenntnis, dass et heiansdo méi wéi ee Joer brauch, fir Virsätz ze realiséieren.Eng éierlech Episod iwwer Hoffnung, Self-Confidence a firwat ee selwer aktiv muss ginn, wann ee Saache wëll änneren. An domat wënsche mir iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch – an denkt ëmmer drun: et ass ok wann d'Liewe #stillloading ass, mir sinn et och a freeën eis op d'nächst Joer mat iech!Cheryl & Laure
Deen een Dag sëtz de nach un dengen Hausaufgaben, den Nächste muss de scho wësse wat s de fir de Recht vun dengem Liewe wëlls maachen - an den 20er verännert sech esou vill, wéi soll een do roueg bleiwen a sech net permanent mat anere vergläichen? Genee doriwwer schwätzen d'Laure an d'Cheryl an der neister Episod vu Still loading...Vu Screen time reduzéieren, d'Hannerfroe vun Influencer, self help Bicher an dem Hotel-Mama kucken déi Zwee op hir eegen Erfarungen an Zweifel, a wat bei der Missioun "staying sane in your 20s" kéint hëllefen.
Wat mécht ee wann ee säi Liewe laang op eppes hi geschafft huet an een da mierkt "dat ass et net"? Iwwer déi Erkenntnis an alles wat duerno kënnt schwätzen d'Cheryl an d'Laure mat der Sängerin Krick.Wéi d'Laure hat d'Krick net ëmmer déi beschten Zäit an der Schoul, wéi d'Cheryl huet d'Krick deen Job opgi fir deen et esou laang geléiert huet a wéi déi Zwee zesummen ass d'Krick no um (oder wéi hatt seet: am) Waasser gebaut. Maacht d'Nuesschnappecher prett, egal ob der vu Laache kräische musst oder vun der Welt déi engem heiansdo e bëssen ze vill ass, wéi de Special guest vun dëser Episod seet: et ass ok.
#1 - Frëndschaften

#1 - Frëndschaften

2025-11-1227:38

D'Laure an d'Cheryl si keng Frëndinnen, nach net! Si léiere sech an dësem Podcast kennen a wat wär e bessert Thema fir déi éischt Episod wéi "Frëndschaften". Séier gëtt hinne bewosst wéi ënnerschiddlech si sinn - wärend d'Cheryl sech freet wéi et nei Leit ka kenne léieren, ouni ze vill physical touch a Kommunikatioun, freet d'Laure sech wéi et säin daily hug vu senge Frëndinne ka kréien, lo wou et se net méi all Dag an der Schoul gesäit. An e puer Saache si si sech awer eens: u Frëndschafte muss ee schaffen, breakups sinn ok an alles am Liewen, och Relatiounen, si Still loading...Eng Produktioun vu komma.Dir hutt Themen, déi d'Laure & d'Cheryl solle behandelen oder wëllt matschwätzen? Da kommentéiert hei oder schreift eis op Insta oder Tiktok @komma.lu
D'Cheryl a Laure am real talk mode ☝️Anekdoten, struggles, Humor, villäicht e puer Tipps a ganz vill "omg same"!! Däi Liewen ass och still loading? Da kanns du zu 100% mat deenen Zwee relaten - all zweeten Donneschdeg schwätze si iwwer alles wat si am Alldag beschäftegt.👉 Wat genee dat ass erkläre si iech scho mol am Trailer a wéi et da viru geet, dat fanne se Episod fir Episod mat iech zesummen eraus #stillloading💜💚 eng komma production.
Comments 
loading