Studio 6

Studio 6, e Podcast an deem een alles iwwert déi lëtzebuergesch Musek gewuer gëtt, e Bléck hannert d'Kulisse kritt an d'Kënschtler kenneléiert

Replay Studio6 - Mean To You - 29.11.2023

Mean To You huet 2013 als Band ugefaangen. Nodeems d'Museker am Gudden auserneegaange sinn, ass et mëttlerweil dem Mulles säi Solo-Projet. De 4. Dezember kënnt déi nei EP "What We Could Have Been" eraus a mir konnten am Studio6 schonn exklusiv eralauschteren!

11-30
01:13:41

Replay Studio6 - Mæhila - 22.11.2023

Déi lëtzebuergesch Kënschtlerin Mæhila ass aktuell baséiert zu Amsterdam. Nieft senger Karriär als Schauspillerin a Performerin, mécht hatt virun allem och Musek. Am Studio6 huet d'Mæhila eis seng Debut-EP "Emotional Trespass" presentéiert!

11-23
01:07:36

Replay Studio6 - Don Piano - 15.11.2023

Déi lëtzebuergesch Formatioun Don Piano ronderëm de Batteur a Sänger John Wolter bréngt de 17. November den Debut-Album "Oxytocin" eraus. Dëse presentéieren si um Release-Dag och live an der Escher Kulturfabrik!

11-16
01:22:16

Replay Studio6 - The Cookie Jar Complot - 08.11.2023

Déi lëtzebuergesch instrumental Post- bis Math-Rock-Band The Cookie Jar Complot huet huet hir nei EP "Lobster Knife Fight" erausbruecht. Den 10. November feiere si zesumme mat No Metal in This Battle eng grouss Release-Party an de Rotondes! E Mëttwoch waren de Sven an de Gilles op Besuch am Studio6.

11-09
01:28:28

Replay Studio6 - Jambal - 25.10.2023

Déi jonk lëtzebuergesch Jazz-Band Jambal huet hiren neien Album "Enterprises of Great Pith and Moment" erausbruecht. D'Wierk ass an Zesummenaarbecht mam Komponist Tristan De Liege entstanen. E Mëttwoch am Studio6 waren de Ben an den David op Besuch am Studio6!

11-06
01:21:43

Replay Studio6 - Fallen Lies - 18.10.2023

Den 20. Oktober brénge Fallen Lies hiren zweete Studio-Album "Broken" eraus. Déi lëtzebuergesch Rock-Band feiert de Release mat enger Sold-Out-Show um Floor vun der Rockhal. E Mëttwoch am Studio6 konnte mir schonn exclusiv eralauschteren!

10-19
01:21:20

Replay Studio6 - Nicool - 11.10.2023

Nom Album "Den Ufank vum N" bréngt d'Nicool de 14. Oktober seng nei EP "N vun der Welt" eraus. Déi lëtzebuergesch Rapperin feiert de Release mat enger grousser Show an de Rotondes. Am Studio6 konnte mir schonn exclusiv eralauschteren!

10-12
01:19:03

Replay Studio6 - Lucas Ferraz - 27.09.2023

De Sänger, Komponist a Gittarist Lucas Ferraz kennt ee vu Projeten ewéi Dead Sinners oder Porn Queen. Mat "Demons In My Head" released hien elo säin éischten Debut-Album, deen hien den 29. September live an der Rockhal presentéiert! An der Rubrik "frësch gepresst" gëtt et déi nei Single vu Le Vibe. Mat "Nobody Knows" ginn si zeréck bei hire klassesche Reggae-Sound. Fir de Release hunn si mat der lëtzebuergescher Kënschtlerin Claire Krack zesummegeschafft.

09-28
01:09:35

Replay Studio6 - SACEM Luxembourg - 20.09.2023

D'SACEM Luxembourg feiert hir 20 Joer! An deem Kader war de Gérant Marc Nickts dës Woch op Besuch am Studio6. Hien huet eis erkläert, firwat et als Auteur/Compositeur/Editeur wichteg ass, sech bei der SACEM unzemellen a wéi d'Verwäertungsgesellschaft mat soziale Medien ewéi Instagram an TikTok ëmgeet!

09-21
01:06:05

Replay Studio6 - Seed to Tree - 13.09.2023

Dës Woch war déi lëtzebuergesch Indie-Band Seed to Tree op Besuch am Studio6. De Georges an de Benjamin hunn hiren neien Album "A Little Life" matbruecht an alleguer d'Detailler iwwert hire Release-Concert de 16. September am Atelier verroden!

09-14
01:10:32

Replay Studio6 - New Music Wednesday 5.07.23

Dës Woch hate mer ganz vill nei Musek mat dobäi, déi dës Woch erauskomm war. Als frësch gepresst gouf et dann déi ganz nei Tracks vu Ryvage an der Band One Last Time.

07-06
01:29:22

Replay Studio6 New Music Wednesday 06.07.2023

Dës Woch hate mer ganz vill nei Musek mat dobäi, déi dës Woch erauskomm war. Als frësch gepresst gouf et dann déi ganz nei Tracks vu Ryvage an der Band One Last Time.

07-06
01:29:22

Replay Studio6 - Iceleak - 28.06.2023

Dës Woch war den DJ a Produzent Filippo Gorla aka Iceleak op Besuch am Studio6 an huet seng neiste Single "Name" virgestallt. Dës ass da vum Sound hier bësse méi am Tech-House doheem.

06-29
01:05:27

Replay Studio6 - The X - 21.06.2023

Dës Woch war déi lëtzebuergesch Elektro-Pop-Formatioun "The X" op Besuch am Studio6 an hunn hir nei EP "some beautiful things come from dark places presentéiert.

06-22
01:20:55

Lauschtert hei d’Interviewen aus der leschter Sendung, 24/05/2023 19:00

Dës Woch war den Damien Giudice mat sengem Solo-Projet "Boy From Home" bei eis op Besuch an huet eis bëssen iwwert säin neien Album "House Plants" erzielt.

05-24
01:25:24

Lauschtert hei d’Interviewen aus der leschter Sendung, 17/05/2023 19:00

Dës Woch war d'Thema am Studio6 de Projet "Hip Hop Marathon". Hei konnte mir am Virfeld eng Klass an d'Prouwe fir hire groussen Optrëtt besiche goen.

05-17
01:26:10

Lauschtert hei d’Interviewen aus der leschter Sendung, 10/05/2023 19:00

Dës Kéier war d'Rock-Band The Elysian Gates Project op Besuch an hunn eis bëssen eppes iwwert den neien Album "Beyond The Gates" erzielt.

05-10
01:23:03

Lauschtert hei d’Interviewen aus der leschter Sendung, 03/05/2023 19:00

Dës Woch war d'Alternative-Band Deep Dive Culture op Besuch am Studio6 an huet eis bësse méi iwwert hir nächst EP "Meaningless " erzielt.

05-03
01:21:30

Lauschtert hei d’Interviewen aus der leschter Sendung, 26/04/2023 19:00

Dës Woch de Chris vun "All Reitz Reserved" bei eis op Besuch an huet eis den neie Projet "Elemental" bësse méi genee virgestallt.

04-26
01:21:18

Lauschtert hei d’Interviewen aus der leschter Sendung, 19/04/2023 19:00

Dës Woch war de Rapper Brebo bei eis op Besuch am Studio6 an huet eis säin neien Album "Seasons" bësse méi genee virgestallt.

04-19
01:23:38

Recommend Channels