Zeenewiessel

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.

S03E05: Chefsaach

De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft huet. Dës Affär weist, wéi schwiereg et fir Plattformaarbechter:inne ka sinn, hir Rechter ze verteidegen. Wëllt Lëtzebuerg de legale Kader veränneren, fir datt dat an Zukunft méi einfach gëtt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

10-27
22:59

S03E04: Nei Spillreegelen

An der EU schaffen ëmmer méi Leit fir digital Plattformen. An dat deels ënner prekäre Conditiounen. Dorunner soll sech mat enger neier Direktiv elo eppes änneren. Mee wéinst gréisserem Widderstand gouf dëse Projet staark verwässert. Wat mécht déi nei Reegele fir d’Plattformekonomie esou ëmstridden? A ginn d’Rechter vu Plattformaarbechter:innen elo gestäerkt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes, Danièle Weber a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

10-20
33:23

S03E03: Uber-raschung

Digital Plattformen, déi iwwer eng App Servicer ubidden, hunn net ëmmer Succès mat hirem Geschäftsmodell. An engem wichtege Secteur krute si sech zu Lëtzebuerg bis haut net duerchgesat: D’Taxiwiesen. An dat obwuel d’Taxi-App Uber scho virun zéng Joer versicht huet, sech hei ze lancéieren. Aus strategesche Grënn, wéi intern Dokumenter vun der Firma, déi sougenannt "Uber Files", weisen. "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

10-13
29:44

Zeenewiessel um Prix Europa

De Radio 100,7 ass dëst Joer fir de Prix Europa nominéiert. Als éischte Lëtzebuerger Medium iwwerhaapt. Eis Zeenewiessel-Serie “Carambolage” iwwer d’Caritas-Affär ass fir de Präis vun der beschter europäescher Audio-Investigatioun am Rennen. Zesumme mat Produktioune vun der BBC, der RTBF, der ARD a vun enger Dosen aneren ëffentlech-rechtleche Medien. D’Pia Oppel mellt sech aus dem Runfunkhaus vum Sender RBB zu Berlin aschwätzt mam Jean-Claude Franck doriwwer wéi d’Presentatioun vun eiser Podcast-Serie virum Jury ofgelaf ass. A wéi eng aner spannend Produktiounen nominéiert sinn. An et gëtt ee kuerzen Update, wou d’Caritas-Affär den Ament drun ass.

10-09
08:05

S03E02: Fräie Fall

Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen, dee si dobäi ënnerstëtzt. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielt de Léonardo Kahn a fënnef Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

10-06
25:48

S03E01: Schéin nei Aarbechtswelt

D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei Clienten, déi hir Bestellungen iwwer eng App maachen. Den 32 Joer ale Syrer ass mat senger Famill op Lëtzebuerg geflücht. An der éischter Episod vun “Ausgeliwwert” begleet de Léonardo Kahn hien a sengem Aarbechtsalldag. Een Alldag, dee markéiert ass vun der Hoffnung awer e bësse méi ze verdénge wéi de Mindestloun. “Ausgeliwwert”, eng Recherche iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg, ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

09-29
31:05

S03E00: Trailer

Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei am Land. Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episoden no. “Ausgeliwwert” heescht eis drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

09-22
02:29

Schlechte Schüler E06: Net vu schlechten Elteren

Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-6-1684060030 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
41:47

Schlechte Schüler E05: Am Speckgürtel

Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi se ass?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/article/aktualiteit/schlechte-schuler-transkript-vun-der-episod-5 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
24:52

Schlechte Schüler E04: En français, s'il te plaît

Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-4 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
26:02

Schlechte Schüler E03: Esch international

D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-3 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
26:32

Schlechte Schüler E02: Zeréck an d'Zukunft

An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-2-1625279074 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
27:44

Schlechte Schüler E01: Op den Ufank kënnt et un

Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. https://100komma7.lu/news/Schlechte-Schuler-Transkript-vun-der-Episod-1 Déi franséisch Versioun vum dëser Podcast-Serie fannt Dir hei. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
28:25

Schlechte Schüler: Trailer

Déi franséisch Alphabetisatioun soll vun der Rentrée 2026 un an alle Grondschoulen ugebuede ginn. Dee Projet geheit Froen op. Froen, op déi Dir an eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler" eng ganz Rei äntwerte fannt. Dës Serie aus dem Joer 2022 ass haut nach grad esou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? A wann Dir Leit kennt, déi sech fir de Sujet interesséieren, mee kee Lëtzebuergesch verstinn, de "Mauvais Elève" gëtt op och Franséisch. (https://100komma7.lu/news/Mauvais-eleve-La-saison-integrale?pd=radio)

07-27
01:23

The Caritas Affair

Hutt Dir Kollegen, mat deenen Dir bis elo net iwwer d’Hannergrënn vun der Caritas-Affär diskutéiere konnt, well se kee Lëtzebuergesch schwätzen? Ma da sot hinne gäre Bescheed, well et gëtt elo och eng Versioun mat engleschen Ënnertitelen. Deelt dëse Link also gäre mat jidderengem, dee kéint interesséiert sinn. Den Zeenewiessel-Team seet Merci!

07-07
00:44

S02E08: Net just ee Bedruch

An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

06-02
32:12

S02E07: International Konsequenzen

Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am Südsudan verléieren hiren Job. Firwat gouf anescht wéi bei den nationalen Aktivitéite vun der Caritas keng Léisung fonnt?  Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

05-19
33:50

S02E06: Politesch Decisiounen

Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner groussem Zäitdrock no Léisunge gesicht. Sinn déi richteg Decisioune geholl ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

05-12
39:17

S02E05: De Bistum

Am Summer 2024 muss d'Kierch entscheeden, ob si d'Caritas ka retten. No éischte Versich an d'Krisegestioun anzegräifen, léisst de Kardinol Jean-Claude Hollerich déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun falen. Firwat? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

05-05
34:55

S02E04: De Verwaltungsrot

De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien, Jo Diseviscourt an Ana Angel. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

04-28
35:15

Recommend Channels