#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir
Description
An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen.
D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marketingcheffin vun engem Medieverlag an als elengerzéiend Mamm, och nach e Master ofzeschléissen. Am Gespréich geet et och ëm seng Teenagerjoeren an Island an déi wichteg Roll, déi staark Frae schonn ëmmer an sengem Liewe gespillt hunn.
Hei d'Artikelen déi an dëser Episod erwäänt goufen:
https://journal.lu/de/die-vergessenen-50-prozent
https://journal.lu/de/wie-toxische-maennlichkeit-und-queerfeindlichkeit-die-schule-erobern



