#6 Visualiséieren
Description
Am Kader vum 75. Anniversaire vum Lëtzebuerger Journal hu mer dësen Episod live zu Maacher am Kulturhuef opgeholl. Mir schwätzen iwwert d’Visitt vum Grand-Duc, wéi mer eis op eis Ried viru Public preparéiert hunn an erklären Iech eisen Insider “Nach séier eng Wäsch amaachen”. Stellt Iech vir Dir preparéiert säit e puer Méint en Event, dann ass en endlech do a wat ass duerno? Dir fillt Iech eidel. Wéi gutt, datt et geschwënn erëm viru geet: Déi gutt Mod geet op Tour! Wouhin? Dat decidéiert dir!
Vergiess net, eis deng Froen, Erfarungen an Umierkunge per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.
Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products