EVP-Spëtzekandidat: Alexander Stubb oder Manfred Weber?
Update: 2018-11-07
Description
Wie gëtt Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei fir d'Europawahlen 2019?
2014 war de Jean-Claude Juncker nominéiert ginn - hie gouf dono bekanntlech och Kommissiounspresident.
Haut a muer kommen d'Delegéiert vun där gréisster europäescher Partei, zu där och d'CSV gehéiert, zu Helsinki zesummen. Opgestallt hu sech zwee Kandidaten - den däitschen CSU Politiker an aktuelle EVP-Fraktiounschef am Europaparlament, de Manfred Weber an de fréiere finnesche Premier Alexander Stubb.
Deen éischte gëllt als Favorit, mee de Vott wier nach net gelaf, seet den CSV-President Marc Spautz, deen zu Helsinki mat derbäi ass.
D'EVP wäert sech do och mat hirem ungaresche Member, der Fidesc-Partei vum Viktor Orban befaasse mussen.
D'Danièle Weber iwwer d'Lëtzebuerger Erwaardungen an den Enjeu op deem EVP-Kongress.

Comments
In Channel