Rout Léiwen motiviéiert virum Spill géint Däitschland
Update: 2025-10-08
Description
E Freideg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären hiren drëtte Match an der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2026 géint Däitschland. E puer Deeg drop steet dann de Retour-Match an der Slowakei um Programm. Un den Aller-Match géint d’Slowakei hunn d’Rout Léiwe keng gutt Erënnerungen. Quasi a leschter Minutt hat een do den 1-0 kasséiert an domat e Match verluer an deem een eigentlech déi besser Ekipp war. De Lëtzebuerger Golkipp, Anthony Moris, hat beim Géigegol net gutt ausgesinn.
Comments
In Channel