Al Protheese fir de gudden Zweck
Update: 2025-12-30
Description
Wat geschitt eigentlech mat Protheesen, déi net méi gebraucht ginn? Hei am Land rembourséiert d’CNS all dräi Joer d’Käschte fir eng Prothees. Déi al gi meeschtendeels ewechgehäit, obschonn déi verschidden Elementer eng vill méi laang Liewensdauer hätten, bedauert Handicap International. D'Associatioun huet dofir e System geschaf, fir dëse Protheesen an och Ortheesen - also medezinesch Apparater, déi e Kierperdeel ënnerstëtzen an net komplett ersetzen - en zweet Liewen ze ginn. Op Plazen, op deenen d’Leit keen esou gudden Zougang zu Gesondheetsservicer hunn.
Comments
In Channel



